17.06.2022

Arrivée vun den Tiny Haiser

Haut sinn eis Tiny Haiser aus Krakau (Polen) vun der Firma Polygone an d’Drusenheimstrooss geliwwert ginn.

Et handelt sech ëm dräi fäerdeg miwweléiert Logementer, déi jeweils 35m2 Plaz fir eng Famill mat Kanner opweisen, ganz ekippéiert mat Better ënnert an iwwert der Mezzanin, Klimaanlag, Foussbuedemheizung, asw.

Soubal d’Uschlëss gemaach sinn, kënnen 3 ukrainesch Famillen eraplënneren.

Hei en Deel vun der Odyssée an en Abléck an déi kleng Wunneenheeten: