16.06.2022

Esch2022: Die Maschine steht still – Virstellung fir schëfflenger Bierger

« Die Maschine steht still » – e Stéck, wat de Mediekonsum an d’Technologien aus der haiteger Zäit kritesch ënnert d’Lupp hëlt. D’Publikum gëtt net nëmmen emotional mat op eng Rees geholl, mee och raimlech: nom Start op der futuristescher Gare Belval-Universitéit transportéiert d’Geschicht si op de Site vun ArcelorMittal op Esch-Schëffleng.

Am Kader vun dësem flotte Projet invitéiert de Schäfferot op eng Virféierung zum reduzéierte Präis vun 10€ fir d’Schëfflenger Bierger,

Dënschdes, de 5. Juli um 19.30 Auer

Umeldung: bis den 24.06 via Telefon: +352 264412701 oder Email:

Weider Informatiounen zum Stéck fannt Dir hei.