14.06.2022

Plooschterprojet à Schifflange : bilan positif

Aktioun Stammzellespender

Den 11. Juni 2022 hat d’Gemeng Schëffleng zesumme mat den dräi Schëfflenger Schoulen eng Aktioun organiséiert fir Stammzellespender ze fannen, well en 9-järege Schüler aus der Gemeng viru Kuerzem d’Diagnos Blutt- a Knachekriibs krut.

Ganzer 270 Leit vu Schëffleng an ausserhalb haten de Wee tëscht 9 an 13 Auer op Schëffleng an den Hall Polyvalent fonnt fir sech registréieren ze loossen an och direkt eng Bluttprouf ofzeginn. Vläicht fënnt sech jo sou deen een oder anere Spender fir e Kriibspatient.

E grousse Merci un déi Responsabel vun de Schoulen an d’Asbl Plooschterprojet, déi dës Aktioun esou super organiséiert hunn.

Hei nach eemol de Flyer

An e puer Impressioune vum Dag: