09.06.2022

Aktioun Stammzellespender/ Plooschterprojet

Den 11. Juni 2022 organiséiert d’Gemeng Schëffleng zesumme mat den dräi Schëfflenger Schoulen eng Aktioun fir Stammzellespender ze fannen. En 9-järege Schüler aus der Gemeng krut viru Kuerzem d’Diagnos Blutt- a Knachekriibs. Vläicht si genau Är Stammzellen d’Rettung fir hien oder een anere Kriibspatient.

Mir géifen eis freeën, wa vill Leit e Samschdeg, den 11. Juni tëschent 09.00 an 13.00 Auer de Wee op Schëffleng an den Hall Polyvalent fanne fir sech registréieren ze loossen an och direkt eng Bluttprouf ofzeginn. Bei der Hal si vill Parkméiglechkeeten a fir e klenge Catering ass och gesuergt.

Mär soen Iech all elo scho MERCI fir Är Hëllef an Ënnerstëtzung.

All weider Infoen zu der Aktioun fannt Dir hei um Flyer!