09.06.2022

Coupe Scolaire 2022

Den 8. Juni 2022 war di traditionell Coupe Scolaire an de Stroosse vu Schëffleng. Hei gouf nees, wéi déi Joere virdrun, de Plaiséier an d’Sécherheet matenee verbonnen.

Scho fréi moies waren d’Schüler aus dem Cycle 4 vu Schëffleng mat hire Vëloen ënnerwee an hunn an der Praxis probéiert d’Verkéiersreegelen unzewennen, déi si an enger ganzer Partie theoretesche Stonnen an der Schoul geléiert hunn. Mat grousser Freed a voller Konzentratioun hu ronn 180 Kanner de Parcours gutt gemeeschtert. Vill Benevoller waren tëscht 8 an 12 Auer op 14 Streckeposte um Parcours verdeelt an hu Punkte verginn.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch a seng Schäffen hunn allen Acteuren, déi un der Organisatioun vun dëser Aktivitéit bedeelegt waren, e grousse Merci gesot an de Schüler bonne Chance virum Start gewënscht!

Hei e puer Impressioune vun der Coupe Scolaire: