31.05.2022

11. Juni: Een Dag an der Natur

Trëppeltour: “Een Dag an der Natur”

Den traditionellen Tour, dee vun der Ëmweltkommissioun organiséiert ass, féiert eis dëst Joer an d’ Naturschutzgebitt “Brill”.

Mam Fierschter Dan Sannipoli besiche mer d’Beréngungsstatioun vun de Villecher, déi renaturéiert Uelzecht an och den aktuelle Chantier vun der Renaturéierung “Am Pudel”.

Datum: Samschdeg, den 11.06.22

Treffpunkt: Parking Pétaboules (52, rue de Hédange L-3841 Schifflange)

Auerzäit: 9:00

Dauer: 2 bis 2 1/2 Stonnen

Umeldung: Ënner oder um 54 50 61-330 (Service de l’Urbanisme et du Développement Durable)