04.05.2022

Schëffleng goes Culture

LU
Mir invitéieren all Bierger a Biergerinnen häerzlech op en Informatiounsowend iwwert d’Projete vun der Gemeng Schëffleng am Kader vun der europëscher Kulturhaaptstad Esch2022.
Dës wäerten eis Gemeng wärend dem ganze Schëfflenger Mount (21. Juli bis 18. August) an doriwwer eraus beräicheren.
Zousätzlech dozou presentéiere mir Iech de Projet « Schëfflenger Piano », deen Iech dozou alued, Ärer musikalescher Kreativitéit fräie Laf ze loossen. Den neie Piano, deen op der Fräiheetsplaz virun der Gemeng steet, ass vum Kënschtler Raphael Gindt schéi faarweg ugemoolt ginn. An Zesummenaarbecht mam Museker David Ianni presentéiere mir Iech eng Rei Mini-Concerten, gespillt vu lokale Museker, an enger frëndlecher an entspaantener Atmosphär.

FR
La Commune de Schifflange vous invite chaleureusement à une soirée d’information sur les projets de Schifflange dans le cadre d’Esch2022, Capitale Européenne de la Culture, qui enrichiront notre commune tout au long du mois de Schifflange2022 (21 juillet – 18 août) et au-delà.
Le projet « Schëfflenger Piano » sur la Place de la Liberté devant l’Hôtel de Ville, qui sera également inauguré ce jour-là, vous invite à laisser libre cours à votre créativité musicale. En collaboration avec le musicien David Ianni, la Commune de Schifflange vous présente une série de mini-concerts qui se dérouleront dans une atmosphère amicale et détendue sur l’instrument qui a été décoré par l’artiste Raphael Gindt.

 

12.05.2022
19.00 Auer/heures
Hôtel de Ville (Salle Grand-Duc Jean)