02.05.2022

1. Mee-Virfeier

All Joer invitéieren d’Schëfflenger Schmelzaarbechter den 30. Abrëll op hir 1. Mee-Virfeier.

Beim Gedenksteen an der “Cité um Benn“ gin Blummen neiergeluet fir esou den Schmelzaarbechter ze gedenken. Ouni de Fläiss an Schweess vun jidder eenzelen vun hinnen wär eis Land net dat wat et ass an et däerf ni vergiess gi wat si fir eis gemaach hunn. Dofir huet all eenzele  Schmelzaarbechter eisen déifste Respekt verdéngt.

 

De Videoreportage iwert des kleng awer sympathesch Feier kënn dir hei kucken.