Fairtrade-Wochen vum 1. bis den 15. Mee 2022
Gitt aktiv fir de fairen Handel! Maacht mat andeems dir iech beim Akafe fir Fairtrade-zertifiéiert Produiten entscheet a beim Kache mat Fairtrade-Produiten hire ganze Geschmaach entdeckt. Engagéiert iech bei de “Fairtrade Outdoor”-Aktiounen a Kulturveranstaltungen, déi an deem Kader organiséiert ginn, an deelt är flott Erfarungen a positiv Andréck (Fotoen, Texter, Gedichter) am virtuellen Ausstellungsraum vu Fairtrade Lëtzebuerg.
Schëffleng ass eng Fairtrade-Gemeng. Ënnerstëtzt och dir de fairen Handel a loosst eis zesumme weisen, dass mir eng fair Welt fir ProduzentInnen an AarbechterInne schafe kënnen.
Méi Informatioune fannt dir um Site vu Fairtrade Lëtzebuerg.
SAVE THE DATE:
07.05 FAIRES FRÜHSTÜCK ZU SCHËFFLENG