31.03.2022

Grondsteeleeung vun der neier Albert Wingert Schoul

De Grondsteen vun der neier Albert Wingert Schoul gouf en Dënschdeg, den 29. Mäerz 2022 am Schoulhaff vun der Albert Wingert Schoul geluecht.

De grousse Projet “Bildungslandschaft Schëffleng” ass alt nees an déi nächst Ronn gaangen: D’Albert Wingert Schoul gëtt aus- an ëmgebaut an de Fussballsterrain ass elo fäerdeg. Dëst war eng gutt Geleeënheet fir de Schäfferot passend zum grousse Chantiersufank zesumme mam Gemengerot, mat der Press, dem Schoulwiesen an de Projetsbedeelegten de symboleschen 1. Steen ze leeën.

No der offizieller Ufanksried huet den Här Bonsch, Geschäftsführer vum Generalunternehmer ERNE (Sëtz Däitschland), déi technesch Erklärungen zum Bau geliwwert. De Buergermeeschter war krankheetshalber entschëllegt, deemno hat den 1. Schäffen Albert Kalmes déi grouss Éier de Concert vun de Kanner aus der Maison Relais unzesoen. Déi kleng Sänger hu sech ganz dem Fussball verschriwwen. Och d’Presidentin vun der Albert Wingert Schoul, Madame Christiane Schmit-Biewer, hat sech mat hire Schüler eppes ganz Spezielles afale gelooss: Si hunn hir individuell Wënsch un hir schoulesch Zukunft an enger Zäitkapsel veréiwegt, déi dunn zesummen mat der Dageszeitung an e Schacht verbetonnéiert gouf. Op dem Beton hunn d’Kanner hir Hännofdréck hannerlooss a soumat war den « 1. Steen » fir eng nei modern Infrastruktur geluecht.

Dono gouf de Fussballsterrain offiziell ageweit a wéi kinnt een dat besser man wéi mat enger Partie Eelefmeter-Schéissen. Den Ofschloss-Patt am Schoulhaff haten de Schäffen- a Gemengerot an d’Kanner sech ëmsou méi verdéngt. E grousse Merci ass un all Bedeelegter gaangen aus dem Bausecteur, de Gemengeservicer an un d’Schoulresponsabel.

De Pressedossier zum Bauprojet fannt Dir hei.

D’Fotoe vum Dag kënnt Dir Iech hei an der Galerie ukucken.