21.03.2022

Sicona: Wëllplanzesom Lëtzebuerg

LUX-Mëschungen – Geseemsmëschunge mat heemesche Wëllplanzen aus regionalem Ubau

 

Fir d’Biodiversitéit ze ënnerstëtzen ass eng qualitativ héichwäerteg Geseemsmëschung mat Wëllplanzen aus eiser Regioun gëeegent. D‘Naturschutzsyndikat SICONA an den Naturmusée schaffe zanter e puer Joer zesumme mat weidere Partner um Opbau vun enger Lëtzebuerger Someproduktioun vu Wëllplanzen. D’Zil ass fir mat Hëllef vu Lëtzebuerger Bauere Som vun heemesche Wëllplanzenaarten ze produzéieren.

Gemengen a Privatleit, déi eng Blummewiss op ëffentleche Gréngflächen oder doheem am Gaart uleeë wëllen, recommandéiere mir d’LUX-Mëschunge vun der Firma Rieger-Hofmann. Dës Mëschungen enthalen nëmmen Aarten, déi zu Lëtzebuerg natierlech virkommen a wichteg Fudderplanze fir eis heemesch Päiperleken an aner Insekte sinn.

 

Wou kann ee LUX-Mëschunge kafen?

 

Fir kleng Flächen vun 25–50 m2 kennen 100 g Tuten vun den dräi Mëschungen LUX-Blumenwiese, LUX-Schotterrasen a LUX-Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen bei folgende Partner an Ärer Ëmgéigend  kaft ginn:

Diddeleng, Fondation Kräizbierg

Käerch, Krautgaart

Kockelscheier, Haus vun der Natur

Lëtzebuerg, Ëmweltberodung Lëtzebuerg

Lëtzebuerg, Oekozenter Pafendall

 

 

Weider Verkafsplazen a vill zousätzlech Informatioune zum „Wëllplanzesom Lëtzebuerg” fannt Dir op www.sicona.lu/projekte/saatgut.

All d’LUX-Mëschunge kënnen och a gréissere Quantitéiten am Web-Shop vun der Firma Rieger-Hofmann ënnert „Mischungen für Luxemburg“ bestallt ginn: www.rieger-hofmann.de.

Fir déi richteg LUX-Mëschung auszewielen, berode mir Iech gären.