07.03.2022

Presentatioun vum Modulbau op Hudelen – Phase 2

Am Kader vum Projet “Bildungslandschaft Schëffleng” huet de Schäfferot e Freideg, de 4. Mäerz 2022 déi fäerdeg Modulbau-Struktur op Hudelen de Membere vum Gemengerot, dem Schoulservice, der Schoulkommissioun, der Maison Relais, der Elterevertriedung, de Schoulpresidenten, dem Schouldirekter an der Press virgestallt.

D’Phase 1 vum Modulbau, déi haut fir 90 Kanner aus der Maison Relais genotzt gëtt, gouf schonn am Dezember 2020 opgeriicht a virgestallt. Dëst ass als Iwwergangsléisung geduecht fir Plaz ze schafen bis datt d’Bildungshaus op Hudelen (geplangt fir September 2024) fäerdeg ass. Deen zweete Module gouf elo direkt un d’Struktur ugebaut a soll ab der Rentrée 2022 vun 10 Klassen aus der Lydie Schmit Schoul genotzt ginn. Sou kënnen d’Aarbechte ronderëm den Ëmbau vun der LS-Schoul ufänken. Déi aner 12 Klassen wäerten déi Zäit an der Albert Wingert Schoul ënnerkommen.

No e puer Wierder vum Här Buergermeeschter zum ambitiéisen Dossier an enger emotionaler Reflexioun iwwert d’ukrainesch Krichsaffer, huet MC Luxembourg op en Tour duerch déi zwee Modulen invitéiert.

No den techneschen Erklärungen stoung dee méi festlechen Deel um Programm. De Schäfferot huet schwéier geschëppt fir e Birebam um Site an de Buedem ze planzen an d’Kanner aus der Maison Relais hunn hir Hännofdréck op faarweg Aart a Weis op der Fassad veréiwegt. Elo ass dëse provisoresche Bau fir déi nächst Joeren nach e gutt Stéck méi schéin a symbloesch gepräägt.

Kuckt Iech hei de Reportage vun der AMCIS un.

Hei de Pressedossier fir méi Detailer an d’Impressioune vun der Visite: