04.03.2022

Ënnerstëtzung fir de Centre Socio-Thérapeutique X-Track 

Freides, de 4. Mäerz 2022 krut de Buergermeeschter Paul Weimerskirch offiziell e Bild vun de Kanner aus dem Centre Socio-Thérapeutique X-Track iwwerreecht. Am Kader vun enger Ausstellung hat d’Gemeng dëst Bild beim Centre an Optrag ginn. Bei dëser Geleeëenheet huet de Buergermeeschter de Verantwortleche vum Centre felicitéiert fir hir gutt a wichteg Uarbecht ganz am Sënn vun de Kanner. Den Här Thill, deem säin Elterenhaus et fréier wuar, huet gezielt, wéi hie mat senger Famill deemools do gewunnt huet, an dass seng Eltere sécherlech ganz frou iwwert dës Funktioun wieren, déi hiert grousst Haus elo huet. Den Direkter vun Telos Education, Yves Fiorelli, sot der Gemeng ee grousse Merci fir d’Vertrauen an déi gutt Zesummenuarbecht, déi si elo zanter puer Joer schonn hunn. Weider Projete sinn an der Planung.

Bei dëser Geleeënheet konnten d’Membere vum Gemengerot sech och ee Bild maache vun de Raimlechkeete vum Centre, dee sech aktuell an der Niddeschgaass befënnt.

D’Konschtwierk ass eng Realisatioun vun den 9 Kanner, déi am Moment am Centre betreit ginn.

 

Remise d'un tableau TELOS Tableau Telos telos