05.01.2022

Formatioun Animateur A

26.+27. Februar | 26.+27. Mäerz | 04. Juni 2022

D’Gemeng Schëffleng offréiert och 2022 nees, an Zesum­menaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus, d’Formatioun Animateur A.
Mat dëser Formatioun kanns du spéider als Animateur un Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher an de Schoulvakanzen deelhuelen an zesumme mat de Responsablen Aktivitéiten organiséieren, duerchféieren an d’Participante begleeden.
D’Formatioun riicht sech un all interesséierte Jonken am Alter tëschent 15 a 26 Joer, fënnt zu Schëffleng an an der Ëmgéigend statt a kascht 55€.

Weider Informatiounen zur Formatioun an der Umeldung fannt Dir an eisem Youthmag.