31.12.2021

Neijoersgléckwënsch vum Buergermeeschter

E Gedanke zum neie Joer

Léif Matbiergerinnen a Matbierger

Jo, et ass nees esou wäit. Mir soen Äddi 2021 a begréisse voller Freed an Hoffnung dat neit Joer 2022. Et ass och de Moment fir e Bléck zréck op 2021 ze werfen. E Joer, wat eis nees villes ofverlaangt huet.

Fir 2022 wënschen ech Iech all Guddes, Gléck a Gesondheet. Jo, virun allem Gesondheet, well dat ass d’Basis fir e glécklecht an zefriddent Liewen.

Am Mëttelpunkt vum neie Joer steet ouni Zweifel d’Kulturhaapstad Esch 2022, wou och eis Gemeng involvéiert ass, déi e flotte Programm fir Frëndschaft a fir Mateneen op d’Been gestallt huet. Den Eurofestival Enn Juli soll een Zeeche vun europäescher Solidaritéit tëschent de Natiounen a Kulturen duerstellen. D’Zesummeliewen tëschent de Mënsche geléngt eis, wa mir alleguer bereet si mat Modestie, Toleranz a Versteesdemech nei Brécken ze bauen.

Jo, dat ass eis Aufgab an eis Flicht beim Opbau vun enger Welt vu Gerechtegkeet a Wuelstand. An et ass ni ze spéit domadder unzefänken, fräi nom Motto vum Dag Hammarskjöld, fréieren UNO Generalsekretär: « Hal ni op unzefänken, a fänk ni un opzehalen am Beméien ëm eng besser Welt ».

Paul Weimerskirch

Buergermeeschter

 

Hei kënnt Dir d’Ried vum Här Buergermeeschter per Video vun der AMCIS ukucken oder um « Radio Gutt Laun » lauschteren: