22.10.2021

Festlechen Hierschtconcert

De Schäfferot invitéiert Iech vun Häerzen

Sonndes, de 24. Oktober 2021 ëm 17:00 Auer op e

„ Festlechen Hierschtconcert“

(an der Parkstrooss am Centre Sportif zu Schëffleng)
mam Orchester Estro Armonico a mat der Solistin Alexia Ouyang.

D‘Alexia ass eng jong talentéiert Schëfflenger Violonistin vun 13 Joer a Schülerin vun der Madamm Danka Petzova, chargée de cours am « Eveil à la musique » Gespillt gi Wierker vum: Georg F. Händel, Wolfgang Amadeus Mozart, Fritz Kreissler, Georges Bizet, Frédéric Chopin a Johann Strauss.
Dirigent ass de Jeannot Weimerskirch a Concertmeeschter ass de Guy Goeth.

Entrée 10.- Euro

Den Erléis geet integral un « Schëffleng Hëlleft »

De Concert gëtt ënnert den aktuelle COVID-Reegelen organiséiert  d.h Geimpft – Geheelt – Getest. Denkt dofir w.e.g. drun, Ären Impfpass oder en negative PCR-Test matzebréngen! E Schnelltest kann op der Platz gemaach ginn.