11.10.2021

Ouverture vun der Saison 2021/2022 vum « Grousse Maart »

Wéi all Joer gouf déi nei Saison fir de « Grousse Maart » op der Fräiheetsplaz am Oktober opgemaach. Och dëst Joer waren  de « Lëtzebuerger Maarteverband » , « d’Assosiation des Professionnels des Foires et Marchés » an « d’ACAS-Geschäftsverband Schëffleng” vum Schëfflenger Schäfferot op déi offiziell Ouverture invitéiert.

An enger kuerzer Usprooch huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch, begleet vun de Schäffen Albert Kalmes a Carlo Lecuit, betount, dass si frou sinn, d’Maartleit all zweete Méinden am Mount op der Fräiheetsplaz begréissen ze kënnen. E grousse Merci huet de Paul Weimerskirch un d’Händler geriicht, déi bei all Wieder hire Stand op der Plaz opriichten.

Als Merci huet de « Lëtzebuerger Maarteverband » der Gemeng zwou Corbeillen iwwerreecht.

No der offizieller Ouverture gouf et fir all Visiteur e Kaffi an e Croissant, a konnten duerno gemittlech iwwert de Maart trëppelen.

Hei gesitt Dir dat Ganzt resuméiert a Bild an Toun: Reportage vun der AMCIS