28.09.2021

Sk8ing Girls 2021

Nodeems d’Editioun vum Sk8ing Girls 2020 huet missten an digitaler Form stattfannen, hu sech de leschte Weekend tëscht 13 an 18 Auer nees iwwert 300 Leit op der Schëfflenger Skatepist afonnt fir zesummen ze skaten, u kreativen Atelieren deelzehuelen a sech mat Geschlechterfroe bei enger Partie Gender-Game auserneenzesetzen. Dräi DJanen an en Danzact  hu fir de musikaleschen Encadrement gesuergt an dat gutt Wieder huet säin Deel zur gudder Stëmmung bäigedroen. An och, wann de Sk8ing Girls all Joers am Kader vum Internationale Meederchersdag organiséiert gëtt, ass et dach ëmmer e flotten Dag fir all Geschlecht an all Alter.

Et war eng flott Zesummenaarbecht vun der Gemeng Schëffleng an der Gemeng Esch, mat de Servicer Sport a Chancëgläichheet, bei där di Jonk sech (ënnert dem CovidCheck) beweise konnten. Ënner anerem Workshoppe fir Skateboarding, Longboarding, Graffiti an Upcycling goufen ugebueden. Déi ganz couragéiert hu sech un d’Slackline getraut a sinn iwwert dem Buedem geschwierft.

Smoothien a Muffinen, souwéi d’Softdrinks goufe vum Escher Hondsveräin ugebueden a leckert Iessen aus aller Welt koum aus dem Caritas Foyer Esch-Neiduerf.

De « Sk8ing Girls » Dag huet alt nees bewisen, datt ee vu Männer a Jongen dominéierte Sport grad esou gutt vu Fraen a Meedercher gemaach ka ginn.

Hei e flotten Filmreportage realiséiert vun eisen Kollegen vun der AMCIS.