15.07.2021

Héichwaasser! Inondations !

LU:

Situatioun zu Schëffleng

De Moien héiert ee leider immens vill schro Norichten wéinst den Iwwerschwemmungen am ganze Land.

Zu Schëffleng si mer gottseidank nach gutt dovu komm.

No dem schlëmmen Héichwaasser vun 1999/2000 huet d’Gemeng Schëffleng vill an d’Präventioun (Reewaasserréckhaltung, nei Kanaler, Renaturéierung vu Baachen, asw.) investéiert. Dëst dréit wéi erhofft seng Friichten: Innerhalb vun der Uertschaft gëtt et net vill Misär fir d’Leit. Virun allem d’Agrarflächen ausserhalb si liicht betraff, mee sou ass dat geduecht.

 

Wichteg Matdeelung vum CGDIS – Corps grand-ducal d’incendie et de secours
Opgrond vum unhalende Reen an den doraus resultéierenden Iwwerschwemmungen ass de CGDIS op ville Plazen am Land am Asaz an net all Demanden déi un den 112 geriicht goufen, kënnen erfëllt ginn.
Leit, déi an Iwwerschwemmungsgebidder wunnen, sollen hir Autoen a Sécherheet bréngen an hir Haiser beschützen. De CGDIS kann aktuell net all ufalend Asätz ofschaffen, well virun allem Mënschen an Nout a kritesch Infrastrukture musse beschützt ginn.
Et soll ee sech net a Gefor bréngen!
Den 112 w.e.g. just uruffe wa Leit a Gefor sinn an/oder mussen a Sécherheet bruecht ginn, respektiv am Fall vu vitalen Urgencen, Accidenter a Bränn.
Méi Recommandatioune fannt Dir op inondations.lu ze fanne sinn.

 

FR

Message important du CGDIS – Corps grand-ducal d’incendie et de secours
Suite aux inondations actuelles, le CGDIS ne peut plus donner suite à tous les appels de secours.
Tous les habitants de zones potentiellement inondables sont priés de mettre à l’abri leurs véhicules et de protéger leurs habitations.
Le CGDIS se concentre actuellement sur le sauvetage de personnes en détresse et sur la protection d’infrastructures critiques.
Ne vous exposez pas au danger!
Veuillez appeler le 112 seulement si des personnes sont en détresse, respectivement en cas d’urgence vitale, accident ou incendie.
Consulter le site inondations.lu pour des recommandations supplémentaires.

Hei e puer Fotoe vu gëschter an haut / Voici quelques impressions :

Kiemelbaach:

 

Aussiichtstuerm Renaturéierung Uelzecht:

Moulin Bestgen:

 

Carte sur inondations.lu: