08.07.2021

Remise des diplômes

Gëschter, de 7. Juli 2021, huet den Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch a Presenz vun de Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot am Hall Polyvalent Diplomer un d’Participante vun de Sproochecoursen, der Formatioun Animateur A an der Formatioun Gender 4 Kids iwwerreecht.

Insgesamt 100 Leit aus 29 verschiddenen Natiounen hu säit Oktober 2020 un de Sproochecoursen deelgeholl, déi d’Schëfflenger Gemeng an Zesummenaarbecht mat der Integratiounskommissioun säit Joren ubitt. A 7 Coursë gouf owes an weekends fläisseg Lëtzebuergesch an Englesch op ënnerschiddlechen Niveaue geléiert. 49 Participanten hunn déi néideg Punkten an den Tester erreecht a kruten hire verdéngten Diplom.

Op Initiativ vun der Chancëgläichheetskommissioun vun der Gemeng Schëffleng an an Zesummenaarbecht mat der 4-motion Asbl hat d’Personal aus der Maison Relais d’Méiglechkeet un der Formatioun Gender4Kids deelzehuelen. An dësen 21 Stonne Fortbildung goung et ëm d’Geschlechteridentitéit bei klenge Kanner. D’Erzéier konnte léieren, dass Stereotyppen a Viruerdeeler an Zesummenhang mam Geschlecht e groussen Impakt op d’Entwécklung vun de Kanner hunn. Et ass deemno wichteg an den erzéieresche Strukturen d’Raimlechkeeten (Bicher, Spillsaachen, Aktivitéiten asw.) esou ze gestalten, dass de Bléck vun den typesche Stereotyppen ewech an hin zur Diversitéit leed. All Kand soll d’Méiglechkeet hunn, sech auszeprobéieren a sech selwer ze fannen. Aus der Schëfflenger Maison Relais hu 16 Erzéier tëschent Oktober 2020 a Februar 2021 un der Formatioun deelgeholl a konnten elo hiren Diplom siche kommen.

Ewéi déi lescht Jore schonn hate Persounen tëschent 18 an 30 Joer och dëst Joer nees d’Méiglechkeet, sech zum Animateur vun den Educateuren aus dem Schëfflenger Jugendhaus ausbilden ze loossen. An enger flotter, interaktiver Formatioun hunn 10 Jonker nom Motto ‘learning by doing’ wärend zwee Weekender, engem Teamdag an engem Mini-Stage am Jugendhaus geléiert, wat et heescht, Aktivitéite mat Kanner a Jugendlechen ze plangen, virzebereeden an unzeleeden. 8 Participanten konnten d’Formatioun ofschléissen a kréien zousätzlech zum Diplom vun der Schëfflenger Gemeng eng Zertifizéierung vum Service National de la Jeunesse fir net nëmme bei de Schëfflenger Vakanzenaktivitéite mee och op nationalem Niveau als Animateur kënnen aktiv ze sinn.

All d’Fotoe vun der Soirée fannt Dir an eiser Galerie.

De Formulaire fir d’Aschreiwung 2021-2022 fannt Dir bei eisen Dokumenter op Franséisch an op Däitsch.