22.06.2021

Muppewiss / Parc pour chiens

Zënter Ufank Mäerz hu mär hei zu Schëffleng um Biergemer Wee eng Muppespillwiss. Et handelt sech ëm eng speziell amenagéiert Fläch vun ongeféier 400 Quadratmeter, wou d’Muppen no Häerzensloscht kënne lafen a rolzen. Och eng Muppen-Toilette an en Tute-Spender sinn do virgesinn.

A fir dat Ganzt och richteg “muppegerecht” ze gestalten, hu mär och nach siwe Beem geplanzt wou si am Summer de Schied kënnen opsichen.

Eis “Muppewiss” huet ongeféier 5.000 € kascht, a mär hoffen datt souwuel d’Muppen ewéi och hir Meeschtesch oder hire Meeschter vill Freed domat wäerten hunn.