09.06.2021

Beréngung vun den Wäissstorchen

Säit 2013 britt de wäisse Storch nees hei zu Lëtzebuerg an dëst haaptsächlech um Gebitt tëschent dem Dumontshaff an der Lameschermillen.

D’Renaturéierung vun der Uelzecht huet et méiglech gemaach, dass dës charismatesch Vullenaart sech vum selwen hei ugesidelt huet. Di Jonk ginn all Joers vun de Mataarbechter vun der Centrale Ornithologique vun natur&ëmwelt beréngt, fir spéiderhin individuell kënnen erkannt ze ginn.

Kuckt Iech de Film “De Wäisse Storch” op dësem Link un. Hei gesitt Dir vill schéin Andréck vun esou enger Beréngung a kritt interessant Informatiounen iwwert d’Liewe vun de Storchen zu Lëtzebuerg.