08.06.2021

Villercher sichen een Doheem – hëlleft beim Arteschutz!

D’Läendecker, d’Stall- an d’Hauschmuewelen sichen en doheem!

Hutt Dir Plaz fir bei Iech um Terrain Konschtnäschter installéieren ze loossen? Da mellt Iech beim SICONA – Naturschutzsyndikat, si këmmere sech gratis ëm d’Installatioun an d’Botze vun de Kotbrieder ee Mol am Joer.

Weider Informatiounen zu der Aktioun an zu de Villercher fannt Dir an eisem leschte Newsmag.