03.06.2021

Vakanzenaktivitéiten fir déi Jonk / Activités de vacances pour jeunes

Endlech ass et nees esou wäit! Am Summer kenne mir eise jonke Matbiirger (12-17 Joer) nees vill kreativ a sportlech Aktivitéiten ubidden. Och, wann nach net alles nees wäert sinn ewéi virdrun an et sécherlech nach Aschränkunge wäerte ginn, huet d’Schëfflenger Jugendhaus nees en ofwiesslungsräiche Programm op d’Been gestallt. Bei allen Aktivitéiten gëtt sech selbstverständlech un déi sanitär Mesure gehalen. A wann emol en Ausfluch misst ausfalen, well d’Restriktiounen en zu deem Zäitpunkt net erlaabt, dann huet d’Team aus dem Jugendhaus flott Alternativen an der Hannerhand, déi se kenne proposéieren.
D’Plaze sinn ewéi ëmmer limitéiert, dofir: mellt iech direkt un!

De ganze Programm an d’Infoen zur Umeldung fannt dir an der Broschür.