28.04.2021

Aweiung Stolpersteng

Leschte Freideg, den 23. Abrëll, goufen zu Esch an zu Schëffleng offiziell Stolpersteng geluecht, zum Gedenken un d‘Famillen, déi Affer vum Nazirégime waren.

Zu Schëffleng si véier esou Steng geluecht ginn, an zwar ee virum Haus wou den Eugène Biren 1942 gewunnt huet, iert hien op Hinzert deportéiert an och do erschoss gouf well en aktiv Widderstand geleescht hat.

Dräi weider Stolpersteng goufen an der Avenue de la Libération geluecht virun der fréierer Metzlerei vun der Famill Cerf (Salomon, Eugénie a Renée), déi och den Nazien zum Affer gefall sinn.

Dësen Acte géint d‘Vergiesse beschreift dëse Saz vum Lacordière, deen de Buergermeeschter a senger Usprooch sou treffend zitéiert huet, op de Punkt:

« Le souvenir : c’est la présence dans l’absence, c’est la parole dans le silence, c’est le retour sans fin d’un bonheur passé auquel le cœur donne l’immortalité »

Kuckt Iech hei de Film vun eise Kollegen vun der AMCIS un:

https://youtu.be/Lzco5xmOVpo