08.04.2021

Drénkwaasser zu Lëtzebuerg

Drénkwaasser – Melusina’s Choice

Säit Enn Mäerz leeft déi national Drénkwaassercampagne déi vum Ëmweltministère, der Waasserverwaltung, der ALUSEAU an der EBL gedroe gëtt.
An enger rezenter TNS-Ilres Campagne koum eraus, dass d’Bevëlkerung déi all Dag Krunnewaasser drénkt, sech iwwer déi lescht 15 Joer méi wéi verduebelt huet an haut bei 58% läit. Dëst weist op ee verstäerkte Vertraue vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung an eist Krunnewaasser hin, an ass e Resultat op dat mir all zesummen houfreg kënne sinn.

D’Schëfflenger Gemeng ënnerstëtzt dës Campagne a rifft Iech op, och weiderhin op déi nohalteg, verpakungsfräi, gënschteg a gesond Alternativ zeréckzegräifen. De folgende Video weist Iech, wisou eist Drénkwaasser esou wichteg ass: Erklärungsvideo.

Wéi et ëm d’Qualitéit vum Schëfflenger Drénkwaasser steet, kënnt Dir an de Rapporte liesen, déi reegelméisseg hei op eisem Site aktualiséiert ginn.

Wärend den nächste Méint wäert den Ëmweltministère op senger Facebook-Säit an engem Wochen-Rhythmus Explikatiounen zum Theema Drénkwaasser publizéieren. Op der Homepage vun der Drénkwaassercampagne fannt Dir och elo schonn eng sëllegen nëtzlech an interessant Informatiounen.