23.03.2021

Wäschstatioun fir Vëloen zu Schëffleng – Ëmweltfrëndleche Gratisservice

Kierzlech ass déi éischt Wäschstatioun fir Vëloen a Betrib geholl ginn. Se steet um Mäertesbierg niewend dem CAS Terrain: en idealen Ausgangspunkt fir flott Mountainbikestouren.

Ëmweltfrëndleche Gratisservice
Fir de Waasserverbrauch ze reduzéieren ass 1 Wäschzyklus op 40 Sekonne limitéiert. Duerno muss nees gedréckt ginn.
D’Waasser gëtt mat 40bar Drock verspreet, wat de Waasserverbrauch zousätzlech reduzéiert. Fir de Waasserverbrauch ze kontrolléieren ass e Smart-Waasserzähler montéiert ginn, dee bei iwwerdriwwenem Verbrauch eng Meldung verschéckt.

Falls een net genuch Loft oder e Platte an de Pneuen huet, esou kann ee mat der Statioun och nach Loft nofëllen.

Fir Abréch oder Mëssbrauch ze vermeiden
Och wann zu Schëffleng de Grondsaz vum “pollueur payeur” besteet, esou ass dës Wäschstatioun ouni Stongen an ouni Geldmënz fräi zougänglech. Säitlech un der Statioun ass och nach e Krunn wou jidderee sech ka säi Bidon vollmaachen.

D’Aarbechte si gréisstendeels vun der Gemeng realiséiert ginn.

D’Gesamtkäschte belafe sech op 26.000,-€. Bei engem Subsid vum Staat vun 33% bleiwen nach 15.000,-€ Käschte fir d’Gemeng Schëffleng ze begläichen.

Weider Wäschstatioune fannt Dir zu Esch beim Fola’s Terrain, dem Ellergronn oder zu Diddeleng, Käl a Bieles.

An zum Schluss nach ee flotte Link, fir déi, déi sech nach net esou gutt bei eis auskennen:

Visit Luxembourg – Redrock Mountainbike trail Lallengerbierg
visitminett – redrock mountainbike trails