12.03.2021

Aktioun „Stammzellespender“ : E grousse Merci un d’Gemeng Schëffleng

D’Aktioun „Stammzellespender“, déi den 08.02.2020 vun der Gemeng Schëffleng zesumme  mat der „Association Don de Moelle Luxembourg“  op Initiativ vun der Famill a Frënn vum Rizo Agovic, deen dringend eng Stammzellentransfusioun gebraucht huet, war e mega Succès.

Vill Schëfflenger Leit, awer och ganz vill Leit aus dem ganze Land waren dem Opruff vun der Gemeng nokomm a sinn sech enregistréiere komm, fir esou vläicht de geneteschen Zwilling fir e leukämiekranke Patient ze fannen. A bal 820 Leit hunn hir Solidaritéit gewisen a sech enregistréiere gelooss.

An der Gemengerotssitzung vum 12.03.2021, huet d’ “Association Don de Moelle Luxembourg” der Gemeng eng Corbeille iwwerreecht fir Merci ze soen.

D’Associatioun konnt, no der Aktioun vun der Gemeng Schëffleng den 08.02.2020, 2100 nei Aschreiwunge verzeechnen, dovu sinn 90 Leit zeréck geruff ginn a 14 Leit konnte potenziell Spender ginn an domat Liewe retten.