09.03.2021

Internationale Fraendag

Vum 8. bis den 31. Mäerz 2021, droen am Kader vum internationale Weltfraendag, siwe Schëfflenger Stroossen symbolesch Nimm vun engagéierten Dammen.

Sou gouf zum Beispill Héidenger-Strooss an Astrid Lulling-trooss „ëmbenannt. Madame Lulling war di éischt Schëfflenger Buergermeeschttesch, éischt lëtzebuergesch Europadeputéiert an no 34 Joer nees di éischt Fra an der Chamber. D’Héidenger-Strooss ass och net zoufälleg erausgesicht gi fir hiren Numm ze droen. Vun Gebuert,  un bis 1978 huet d’Mme Lulling op Nr.: 14 an der Héidenger-Strooss gewunnt.

Mam Léonie Koullen (Gare-Strooss), Lydie Schmit (Belle-Vue Strooss) an Nelly Stein (CM Spoo-Strooss) gëtt un dréi weider aussergewéinlech Schëfflenger Frae’n erënnert. Haut sinn esouguer zwou Schëfflenger Schoulen no den Damme Schmit a Stein benannt, an  d’Madame Koullen huet als Hiewann bis 1967 hei zu Schëffleng Kanner op d’Welt bruet.

Dräi weider Stroossen krute bis Enn des Mounts e Fraennumm: Anne Frank (Biergstroos), Florence Nightingale (Cité E. Mayrisch) a Sophie Scholl (Albert Wingert-Strooss)

Och wann dës Aktioun just en symbolesche Karakter huet, sollen an Zukunft, méi Stroossen a Plazen den Numm vun enger Fra kréien.

 

Kuckt Iech de Video vun AMCIS un (hinnen nach eemol e grousse Merci vun dëser Plaz aus!)