01.03.2021

Nei Gefierer fir d’Gemeng

De 19. Februar 2021 hat de Schäfferot de Pleséier fir zesumme mat engem Deel vun der Equipe aus dem Atelier, 3 nei Gefierer vum Service Régie ze presentéieren.

Eise Fuerpark ass elo verstäerkt duerch e Camion-grue, et Camion-benne, an e kléngt elektrescht Gefier dat den Transport vun eisen Arbechter an hirem Material um Kierfecht ënnerstëtzt.