11.02.2021

Schnëssen – Är Sprooch fir d’Fuerschung

Ee Projet vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Universitéit Lëtzebuerg, dee sech als Zil gesat huet, d’Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hiere Facetten ze dokumentéieren an ze erfuerschen.

Am Kader vun dësem Projet, gi Sproochdate mat Hëllef vun enger App gesammelt, déi een sech gratis op säin Handy erofluede kann.

Weider Informatioune fannt Dir op http://infolux.uni.lu/schnëssen