28.01.2021

Reewaassernotzung

Am Kader vum Chantier op der Fräiheetsplaz huet d’Gemeng e System fir d’Reewaassernotzung fir d’Gemengenhaus ageplangt.

Haut ass eng Cuve virun dem Gemengenhaus agesat ginn. Dëse Baseng erlaabt et  d’Reewaasser an engem Tank vun 20m3 ze späicheren.

Dëst Waasser gëtt duerno benotzt fir d’Planzen ze nätzen an d’Gemengeplaz ze botzen.

A 4 Wochen sinn all d’Uschlossaarbechte fäerdeg.