25.01.2021

Wantervullenzielung

Déi traditionell Wantervullenzielung vun natur&ëmwelt erlaabt et, d’Bestänn vun den heefege Vullenaarten zu Lëtzebuerg anzeschätzen a Populatiounstrends iwwert d’Jore festzestellen.

Hëlleft och Dir ze zielen an huelt Iech tëschent dem 29. an dem 31. Januar eng Stonn Zäit fir d’Vullen an Ärem Gaart oder um Balcon ze zielen.

All weider Informatiounen zur Zielung, der Umeldung an de Präisser, déi et ze gewanne ginn, fannt Dir hei.