11.01.2021

Ëffnungszäite vu de Gemengebüroen / Ruff-Bus / Valorlux Tuten / Schwämm

Ëffnungszäite vun der Gemeng
De Schäfferot deelt mat, datt Gemeng ab dem 18. Januar erëm zu den normalen Zäiten fir de Public op ass: vun 8.00 – 12.00 Auer a vu 14.00 – 17.00 Auer.  Während der Woch vum 11.01.2021 ass et méiglech, an dringende Fäll, telefonesch e Rendez-vous auszemaachen. (54 50 61 – 1)

Ruff-Bus
De Service Ruff-Bus ass ab dem 18. Januar fir Iech erëm am Asaz: Telefonsnummer fir ze reservéieren 8002 – 5002

Valorlux Tuten
Ab dem 18. Januar 2021 kënnt Där Är Valorlux Tuten erëm op d’Gemeng an den Accueil siche kommen, si ginn ab deem Datum nët méi heemgeliwwert.

Schwämm
Eis Schwämm mécht vum 19. Januar un erëm op. Telefonéiert w.e.g. op d’Nummer 54 72 42 fir Iech unzemellen.