31.12.2020

Neijoersgléckwënsch vum Buergermeeschter

E Gedanke fir d’Neit Joer

Léiw Matbiergerinnen a Matbierger

D’Realitéit ass de Moment eppes ewéi e béisen Dram. Allerdéngs solle mir net de Kapp an de Sand stiechen. Bei allem Negative, solle mir dat Bescht doraus maachen.

Genéisst einfach de Sylvesterdag a Neijoersdag an der Famill am klenge Krees, mat Rou a mat enger Reflexioun op dat Wesentlecht: Eis Gesondheet an d’Freed vun an mat der Famill.

Mat Courage e puer flott Momenter verbréngen, wuel wëssend, datt d’Zäit … sech géigesäiteg d’Hand ze ginn, sech léif ze drécken, zesumme feiere, mateneen e Patt ze drénken, e frëndlecht Laachen ouni Mask oder e klenge Kuss entgéintzehuelen  … erëm kënnt.

An dësem Sënn e flotte Sylvesterdag a e gesonde gléckleche Sprong eriwwer an d’Joer 2021.

Paul Weimerskirch
Buergermeeschter

 

Hei kënnt Dir d’Ried vum Här Buergermeeschter um « Radio Gutt Laun » lauschteren: