17.11.2020

Happy Birthday!

Dës Woch feiert d’Schëfflenger Bëschcrèche Gebuertsdag. Virun 10 Joer huet sech den éischte klenge Grupp Bëschzwergen op de Wee gemaach fir d’Beem, d’Planzen an d’Déieren ze entdecken, ze picknicken an an all Wieder ze spillen, ze kloteren an den Hiwwel erofzerutschen. Haut ass de Grupp méi grouss an et ginn iwwert d’Woch verdeelt 55 Zwergen de Bësch onsécher maachen.

Mir wënschen der ganzer Erzéier-Ekipp och an Zukunft vill Freed un der Aarbecht mat der Raiberband an, an dësen Zäiten, weiderhin e grousst Duerchhalverméigen a Motivatioun.

Villmools Merci fir Är wichteg a flott Aarbecht!