12.11.2020

Nationalen Dag vum Bam zu Schëffleng – Een Zeeche vun Hoffnung a Merci

De Freiden, den 13. November 2020 ass um 15.30 Auer e Bam an der Aloyse-Kayser-Strooss bei der Schëfflenger Gare geplanzt ginn. Et soll dëst een Zeeche vun Hoffnung an der sanitärer Kris sinn. Gläicher Mosse soll de Bam als Zeeche vu Merci gëlle fir all déi, déi wärend dem Confinement an och nach haut a muer mat vill Dévouement an Engagement hëllefen des Kris ze meeschteren an eist gesellschaftlech Liewen oprecht erhalen. E spezielle Merci un d’Leit aus dem Gesondheetssecteur an dem ziville Schutz.

Mat der poetescher Form an dem Faarwespill vun engem Ahorn sollen d’Schéinheete vum Liewen zur Geltung kommen an nei Kraaft fir eis all schenken, esou de Buergermeeschter Paul Weimerskirch. De Bam soll och een Zeeche vu Courage sinn an als Stäip gëlle fir déi Matbierger, déi besonnesch haart vun der Pandemie getraff gi sinn.

Aus sanitärer Grënn ass dës Bampflanzaktioun am klenge Krees vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de Schäffen Albert Kalmes, Marc Spautz a Carlo Lecuit zesumme mat de Conseillers ofgehalen ginn.