06.11.2020

Chantier: E besseren Accès fir jiddereen

Fir d’Entrée vun eiser Gemeng fir jiddereen besser zougänglech ze maachen gëtt eng Ramp virum Gebai bäigebaut. D’Aarbechten heifir hunn d’lescht Woch ugefaangen an daueren nach bis viraussiichtlech Juni 2021. Bis Mäerz 2021 fann Dir d’Entrée op der Récksäit vum Gebai. Méi Detailer zu de Projeten ronderëm d’Erneierung vun eiser Gemeng fann Dir am Newsmag 254.