29.10.2020

De Label « Man and the Biosphere » fir eis Südregioun

Am Kader vun hirem 32. internationale Conseil huet d’UNESCO den 28.Oktober 2020 der Kandidatur « Minett UNESCO Biosphere » vu PRO-SUD de Label « Man and the Biosphere » zougesprach. D’Gemeng Schëffleng ass houfreg Deel vun den 11 Südgemengen ze sinn, déi mat PRO-SUD des Kandidatur eragereecht hunn.

“Dësen UNESCO Label bitt eis eng eemoleg Chance fir eise Minett an all seng Gemengen. Op dësem Wee kënne mer nach besser eis Geschicht opschaffen an d’Mënschen fir dat sensibiliséieren wat de Grondsteen fir eise Wuelstand geluecht huet… d’Stolindustrie. Dëse Patrimoine, deen no esou ville Joren lues a lues vun der Natur zréckeruewert gëtt däerf trotzdeem net verluer goen.
Am Kader vun dësem Label wäerte esou nohaltege Projeten entwéckelt ginn, déi eng harmonesch Fusioun vun der Stolindustrie an der Natur duerstellen.” – Paul Weimerskirch

An dësem Kontext ass och eng nei flott Internetsäit an d’Liewe geruff ginn. Kuckt Aerch se roueg un… www.minett-biosphere.com

Hei fann Dir den offizielle Communiqué de presse, deen an dësem Kontext verschéckt gouf.

Communiqué de presse (FR)

Pressemitteilung (DE)