19.10.2020

Nationale Commemoratiounsdag

Duerch e Rondschreiwes vun der Regierung sinn all d’lëtzebuerger Gemengen opgeruff ginn un d’Enn vum Zweete Weltkrich an u seng vill Affer ze gedenken. Affer där hiert Undenken NI däerf a Vergiessenheet geroden. Dëst Joer, esou steet et an der Proklamatioun vun der Regierung, soll ganz besonnesch un di jonk Frae geduecht ginn,  déi als Zwangsaarbechterinnen an de „Reichsarbeitsdienst“ geruff goufen. 58 Fraen sinn ni méi Heem komm a sinn an der Friemd gestuerwen.

Hei zu Schëffleng hat de Schäfferot e Samschden, de 17. Oktober op d’Feierlechkeeten am klenge Krees invitéiert.

Nom Gesang vun eisen dräi Gesangsveräiner an der „sonnerie aux morts“ gespillt vun der Schëfflenger Musek huet de Schäfferot esou wéi d‘Vertrieder vun den „Enrôlés de Force”, der „LPPD“ , de Gewerkschaften an dem „Syndicat d’Initiative“ Blumme virum Monument op der Gemengeplaz neiergeluet.

A senger Ried huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch un di schwéier Momenter erënnert, déi op den 10. Oktober 1941 zeréckginn , wéi d’Lëtzebuerger mat Nodrock a grousser Däitlechkeet  hirem Wëllen Ausdrock ginn hunn: „Mir wëlle bleiwe, wat mir sinn“.

Mam Sange vun der „Heemecht“ hunn d’Feierlechkeeten hiren Ofschloss fonnt.

Ugespéngelt fann Dir dei ganz Ried vum Buergermeeschter

Ried vum Buergermeeschter