12.10.2020

Route barrée CR 169 / Renaturéierung vun der Kiemelbaach

Den CR 169 tëscht Schëffleng a Féiz ass offiziell säit dem 24. August bis de 17. Oktober 2020 gespaart. Laut Planning sollt den Asphalt de 16. Oktober opbruecht ginn, mee duerch di schlecht Wiederkonditiounen am Moment gëtt d’Spärung ëm eng Woch verlängert. Bei dem fiichten Ënnergrond ass et schwiereg fir d’Ofdichtung vun der Bréck ze garantéieren. Sou datt op d’Deviatiounen (laut Ponts et Chaussées) bis spéitstens den 23. Oktober zeréckgegraff muss ginn.

Wisou dës ganz Traversée?

De « Chantier » ass gemaach ginn fir déi renaturéiert Kiemelbaach ënner der Strooss duerchzeleeden. Renaturéieren heescht, datt ee versicht d’Baach nees a säin naturnoe Liewensraum ze bréngen. Deemno fléisst d’Flossbett vun der Kiemelbaach, déi virdrun artifiziell kanaliséiert gouf, vun elo un nees op eng méi natierlech Aart a Weis (cf. di zweet Foto).

Parallel zu dësem Prozess ass awer och en neien Ofwaasserkollektor verluecht ginn, dee vu Suessem aus iwwer Monnerech op déi Schëfflenger Kläranlag gefouert gëtt. Hei ass och eis Aktivitéitszone „op Herbett“ ugeschloss ginn. Dëse Kollektor erlaabt et fir d’Kanalnetz zu Monnerech an zu Féiz z’entlaaschten.

 

 

Méi Infoen iwwert den Trajet vum Bus RGTR (CR169 Schifflange – Foetz)

Merci fir Äert Versteesdemech!