18.09.2020

Schëffleng am Skoda Tour LuXembourg Féiwer

Et huet een net schlecht gestaunt, wéi ee gesinn huet, wat déi Deeg virum 17. September zu Schëffleng virun der Gemeng alles gewuddert ginn ass. D’Arrivée vun der 3. Etapp « SKODA Tour LuXembourg » ass am fréien Nomëtten zu Schëffleng ukomm. Déi drëtt Etapp ass vu Rosport op Schëffleng gaangen an d’Jongen haten eng 165 km an de Been, wéi si vun de Schëfflenger Leit mat groussem Applaus am Zentrum vu Schëffleng ukomm sinn. Et war eng spannend, sportlech fair Etapp, wou mat vill Power an Engagement déi vill Kilometere méiglech gi sinn.

Zum Schluss huet de Buergermeschter Paul Weimerskirch de Vainqueure vun der Etapp häerzlech a mat engem Bouquet Blumme gratuléiert.

Klassement:

1) Degenkolb John, Lotto Soudal
2) Grosu Eduard-Michael, NIPPO DELKO One Provence
3) Vanspeybrouck Pieter, Circus – Wanty Gobert
4) Janse van Rensburg, Reinardt NTT Pro Cycling
5) Gidich Yevgeniy, Astana Pro Team
6) Jensen August, Riwal Securitas Cycling Team
7) Capiot Amaury, Sport Vlaanderen – Baloise
8) Warlop Jordi, Sport Vlaanderen – Baloise
9) Naesen Lawrence, AG2R La Mondiale
10)  Krieger Alexander, Alpecin-Fenix