16.09.2020

Télévie 2020 Scheckiwwerreechung Live op RTL 19.09.2020 ab 19.00 Auer

D’Bierger vu Schëffleng hunn 2019 bis zum groussen Télévie Weekend 120.431,00€ gesammelt fir den Télévie z’ënnerstëtzen. Dono huet Télévie Schëffleng nach Sue vu Veräiner a Privatleit bis September 2020 gesammelt an iwwerwisen fir um Télévie Dag 2020 ee Scheck vun 30.000,00€ a Presenz vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch, dem Comité vum Télévie, der Coordinatrice vum Télévie, dem Diane Wunsch, z’iwwerreechen.

Ee grousse MERCI all de Privatleit an de Veräiner, déi d’Kriibsfuerschung ënnerstëtzen.

Eng nei Equipe huet sech zu enger Asbl zesummegeschloss, fir datt den Asaz fir d’Kriibsfuerschung och weiderhi bestoe bleift.

Méi Infoen zum groussen Télévie-Dag hei!