15.09.2020

Éierung vun eise Cyclisten: Kevin Geniets, Ben Gastauer, Jempy Drucker

Felicitatiounen un « eis » Sportler!

D’Gemeng Schëffleng ass besonnesch houfreg op de Kevin Geniets, de Ben Gastauer an de Jempy Drucker an dofir goufe si geéiert!

Net méi spéit wéi e Méindeg, de 14. September 2020, huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch a Presenz vum Schäfferot de Kevin Geniets geéiert, deen déi national Landesmeeschterschaft am Stroossevëlo gewonnen huet. Hien ass nach ëmmer beim Vëlosclub LP07 lizenzéiert a konnt sech am Groupama-FDJ Trikot nach virum Bob Jungels duerchsetzen.

Gratuléiert krut awer och de Jempy Drucker fir seng 3. Plaz, déi hie mat op Schëffleng bruecht huet.

Bei dëser Geleeënheet gouf och de Ben Gastauer honoréiert fir all seng Victoiren, déi hie scho konnt afueren.