14.09.2020

Wat een op enger Parkplaz alles maache kann!

Den 18. September 2020 ass den Internationalen « Parking Day », do ginn zwou Parkplaze virum CCAMR (5, avenue de la Libération) zu Schëffleng vun 10.00 bis 17.00 Auer gespaart. Hei bitt Iech d’Jugendhaus ee Repaircafé fir Äre Vëlo un.

Heimat soll gewise ginn, wéi vill Platz, datt d’Parkplazen anhuelen a wéi een se anescht ka gebrauchen.

Verpasst déi Geleeënheet net a kommt mat Ärem Vëlo laanscht!