19.08.2020

Seniorenturnen – Bleift aktiv

 Och eis eeler Biergerinne wëllen aktiv a fit am Liewe bleiwen. Dofir treffe si sech all Dënschden vun 15.30 bis 16.20 Auer am Turnsall vun der Lydie Schmit-Schoul fir sech ënnert der Leedung vum Myriam Sagramola mat spezifeschen an hirem Alter ugepassten Übungen ze beweegen. Et gëtt kee gestresst oder forcéiert, NEEN jidderee mécht no sengem Rhythmus an no senge Méiglechkeete mat. Freed um Sport gëtt an eiser Ronn grouss geschriwwen an dofir gëtt och ganz vill zesumme gelaacht.

 

Wéi Dir op der Foto gesitt, si mär momentan e renge Fraegrupp. Mär géifen eis awer freeën, deemnächst och e puer Hären an eiser flotter a lëschteger Ronn begréissen ze kënnen. Dofir hei e klengen Opruff un eis Härewelt: Kommt, kuckt Iech et un a macht einfach mat!

 

Mär ginn Iech elo scho Rendezvous den 29. September 2020 um 15.30 Auer am Turnsall vun der Lydie Schmit-Schoul.

 

Wann Dir nach weider Froen hutt, dann zéckt  net a rufft d’Myriam Sagramola op der Telefonsnummer 621 767 538  un oder schéckt him eng mail op: .