12.08.2020

„Schëfflenger Konschthaus“ – Am Laf vun der Zäit

Den eeleften August 2020 huet a Presenz vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch, de Schäffe Marc Spautz a Carlo Lecuit a verschidde Memberen aus dem Gemengerot de Vernissage vun der Ausstellung « Am Laf vun der Zäit » am klenge Krees statt fonnt.

De Buergermeeschter ass op dat neit Konzept vum « Schëfflenger Konschthaus » a gaangen. D’Galeristin d’Claudia D’Incà huet erkläert wei an de verschidden Tableaue vun de Kënschtler déi historeschen a sozialen Entwécklung vu Schëffleng duergestallt gëtt.

D’Ausstellung ka vu Méindes bis Samschdes vun 10.00 bis 12.00 Auer a vun 13.00 bis 18.00 Auer besicht ginn (11.08 – 10.09).

Samschdes de 15 August ass d’Galerie zou!