29.07.2020

Insektenhoteller

En Hotel fir Insekten – firwat soll dat gutt sinn? Sinn Insekten net kleng genuch fir iwwerall kënnen ënnerzekommen?

Leider net.

Duerch den Agrëff vun de Mënschen huet sech d’Naturlandschaft esou staark verännert, dass nëmmen nach wéineg natierleche Liewensraum fir d’Insekten iwwreg ass. Andeems een Insektenhoteller opstellt, kann een deem entgéint wierken an de klengen Déieren eng Plaz bidden fir hier Näschter ze bauen an ze iwwerwanteren.

An eiser Gemeng fann dir eng ganz Rei déier Insektenhoteller, ëm déi sech eis Gärtnerequipe këmmert. Dir fannt se op folgende Plazen:

  • an der Millestrooss – beim rond-point beim Sumpfgebitt
  • Um Benn – am Park bei der Blummewiss
  • Op Hudelen – bei der Blummewiss
  • bei der Albert Wingert Schoul bei der Haaptentrée
  • an der Liberatiounsstrooss – op der Héischt vum Schëfflenger Konschthaus
  • beim Hall Polyvalent an der Blummewiss
  • op der Gemengeplaz am Uebst- an Insektegaart
  • an der Escher Strooss och bei der Blummewiss

All eis Insektenhoteller si gutt besat. Dir kënnt Iech se gäre bei Ärem nächsten Trëppeltour méi genau ukucken.