De 27. Februar hat de Schäfferot op déi traditionelle „Auereverdeelung“ invitéiert wou all déi Leit geéiert gi sinn di schonn 20 Joer am Déngscht vun der Gemeng stinn.
Wärend enger klenger Feier an der „Salle Grand-Duc Jean“ am Gemengenhaus hat de Buergermeeschter a Presenz vun de Schäffen an de Membere vum Gemengerot di grouss Freed 11 Leit aus dem Gemengenatelier a 6 Leit vum Léierpersonal ze éieren.
Folgend Leit konnten hir „Gëllen Auer“ an Empfang huelen:
Nathalie Pauly; Sandra Valeriani; Romain Bertrang; Jean-Luc Bocci; Alain Dax; Christian Halsdorf; Czeslaw Kosalka; David Ongaro; François Reichel; Carlo Schenten; Marco Schneider
Katja Brunelli; Tina Giannessi; Damien Hever; Carole Materazzi; Laureen Scheiwen; Ivan Schievenin