Streikgedenkfeier
Zesumme mat de lokale Resistenz- a Krichsafferorganisatioune vu Schëffleng an der Personaldelegatioun vum Site Esch-Schëffleng vun Arcelor Mittal gedenkt d’Gemengeverwaltung e Samsden, den 31. August 2019 un
de 77. Joresdag vum Generalstreik vun 1942
a bied all lokal Veräiner un dësen offizielle Feierlechkeeten ze participéieren.
De Schäfferot seet Iech villmools Merci.
Paul Weimerskirch, Buergermeeschter
Albert Kalmes, Schäffen
Marc Spautz, Schäffen
Carlo Lecuit, Schäffen
Programm:
17.50 Auer:
Rendez-Vous beim Monument op der Fräiheetsplaz virun der Gemeng.
18.00 Auer:
Allgemeng Gedenkminutt beim Erschale vun de Sireenen. Néierleeë vu Blummen beim Monument.
Duerno:
Séance académique an der Salle Grand-Duc Jean